Am Saarland gouf e Freideg Owend eng ausgeléisten Alarmanlag gemellt. Op der Plaz hunn d'Beamte festgestallt, datt eppes ganz aneres geschellt huet ...

Zu St. Ingbert am Saarland (D) koum et e Freideg Owend zu engem ongewéinlechen Asaz vun der Police. Wéi et an engem Communiqué heescht, wier eng ausgeléisten Alarmanlag gemellt ginn. D'Awunner, déi de Virfall gemellt hunn, konnten awer net genau soen, a wéi enger Wunneng den Alarm wier.

D'Beamten op der Plaz hunn intensiv nom betraffenen Haus gesicht a schlussendlech festgestallt, datt et sech net ëm e "richtegen" Alarm handelt, mee ëm Vigelriff. Dës hätte sech zäitweis "zum Verwiesselen änlech mat enger Alarmanlag" unhéieren. Et wieren awer zwee Steekauze gewiescht, déi vun zwee Beem aus matenee kommunizéiert hunn.

Nodeems en Abroch deemno konnt ausgeschloss ginn, sinn d'Beamten nees ofgeréckt.