D'Reegel fir d'Mataarbechter vun Amazon an den USA op Cannabis ze testen, soll ewechfalen.

D'Firma Amazon ënnerstëtzt ee Gesetzesentworf an den USA, dat d'Legaliséierung vu Cannabis am ganze Land virgesäit. Dowéinst sollen d'Mataarbechter vun der Firma an Zukunft net méi op de Konsum vu Cannabis getest ginn. Des Weideren hofft Amazon, dass och aner Firmen dobäi matmaachen, sou den Dave Clark, Servicechef vun der globaler Diffusioun vun Amazon.

An der Vergaangenheet dierft ee bei Amazon, sou wéi bei anere Betriber, net täteg sinn, wann ee positiv op Marihuana getest ginn ass. Wéinst der Entwécklung vun der Gesetzeslag an deene verschiddene Bundeslänner, well Amazon déi Richtlinn elo änneren. Sou sollen d'Mataarbechter net méi op Marihuana getest ginn. Dat heescht d'Amazon-Mataarbechter dierften an Zukunft kiffen.

An Amerika legaliséieren ëmmer méi Bundesstaaten de Konsum vu Cannabis, obwuel Drog op nationalem Niveau nach ëmmer verbueden ass.