D'Fro no engem Kuch am "König der Löwen"-Stil ass net ongewéinlech fir e Kannergebuertsdag. Ma dës Zeen gëtt sech wuel seele gewënscht...

De Wonsch vun engem personaliséierte Gebuertsdagskuch ass näischt Neies. Virun allem bei Kanner kommen dacks d'Liblingsdéieren, Motiver vum Liblingsfilm oder Disney-Figuren op de Kuch. Bei engem Meedche vu Minneapolis, dat seng 3 Joer gefeiert huet war et änlech. D'Meedche wollt nämlech eng ganz bestëmmten Zeen aus engem Film um Kuch duergestallt hunn. Beim Film handelt et sech "Der König der Löwen", beim Motiv geet et allerdéngs net ëm d'Hakuna Matata Zeen oder e romantesche Moment tëscht dem Nala a Simba mee em déi Erënnerung, déi haut nach bei ganz villen Erwuessenen Tréinen an d'An dréift. D'Leona wollt nämlech, de Moment duergestallt hunn an deem de Mufasa (dem Simba säi Papp) stierft.

En ongewéinleche Wonsch mat engem immens cleveren Hannergedanken. D'Leona huet nämlech den Eescht vun där Filmzeen erkannt an 1 an 1 zesumme gezielt. "Jidderee wärt esou traureg sinn, dass kee Kuch iesse wëll an da bleift méi fir mech", huet d'Meedchen dem Twitter-Account vu sengem Monni no gesot.

D'Bäckerei wäert och gestaunt hunn, dass se grad déi trauregsten Zeen aus dem Klassiker no forme missten, ma d'Fotoe vum Gebuertsdag beweisen, dass d'Leona sech iwwert säi Kuch gefreet huet. D'Mam huet iwwregens zouginn, dass et hir immens penibel war de Kuch mam doudege Mufasa als Motiv an Optrag ze ginn a verroden, dass si sech net getraut hat unzeruffen an de Kuch einfach per Mail bestallt hat.