Wien esou en Nonumm huet, huet zwou Optiounen : Sech schummen oder an d’Offensiv goen!

Wien an de Supermarché vum Hans Willhelm Fick zu Busdorf geet, deem kéint vun Iwwerraschung direkt den Akafskuerf aus dem Grapp falen. An dat ganz einfach wéinst dem dress code vun de Mataarbechter. Op deenen hiren T-Shirte steet nämlech de Slogan „Der Beste Fick im Norden“ an deen ass ganz eescht gemengt an op den Nonumm vum Chef gemënzt.

„Mir si säit iwwer 100 Joer hei am Duerf verankert. Ech sinn déi 4. Generatioun a jidderee kennt eis mam Numm Fick“, esou den houfrege Chef.

Amplaz den ongewéinlechen Nonumm ze verstoppe geet een hei also an d’Offensiv a souguer en duebeldeitege Slogan draus gemaach. Déi meescht Cliente fannen d’Iddi witzeg, op social media ginn d’T-Shirten awer och kritiséiert.

De Chef verséchert Kritiker awer, dass dat net all ze seriö ze huelen ass an d’Mataarbechter och all ganz positiv op den dress code reagéiert hunn.