Mat engem Video iwwert d'Geschicht vu Lëtzebuerg huet ee YouTuber säi gréissten Hit lancéiert. De Video gouf scho méi wéi 340.000 mol ugeklickt.

Ee franséische YouTuber stellt sech a sengem Video d'Fro firwat Lëtzebuerg eigentlech existéiert. Dobäi gëtt hien detailléiert op wichteg Evenementer an der Geschicht vu Lëtzebuerg an.

De Video gouf innerhalb vun zwou Woche méi wéi 340.000 mol ugeklickt. Dëst ass bis elo dee gréissten Erfolleg vum YouTuber.

Fir déi néideg Informatiounen ze sammelen, huet hien sech un der Fuerschungsaarbecht vum lëtzebuergeschen Historiker Guy Thewes inspiréiere gelooss.

De Video huet haaptsächlech zu Lëtzebuerg groussen Erfolleg mee och a franséischsproochege Gebitter ass de Video beléift, ënner anerem a Frankräich a Nordafrika, sou de YouTuber.