Eng Koppel ass a Flagranti vun enger Webcam op der Alm an de Nockbierger an Éisträich gefilmt ginn. Glécklecherweis waren d'Acteuren net z'erkennen.

Webcams op de Bierger a bei Almhütte sinn immens beléift. Et kann een d'Wieder iwwerpréiwen a kucken ob vill Leit ënnerwee sinn. Ma dat kann awer och dozou féieren, dass net alles ka verstoppt bleiwen. Sou wéi an dësem Fall eng Koppel déi eng Webcam an de Nockbierger an Éisträich iwwersinn hat.

Op 2.000m Héicht an de Nockbierger gouf eng Koppel nämlech vun enger Panoramakamera a Flagranti erwëscht a gefilmt. Fotoen dovu sinn och am Internet opgedaucht, allerdéngs ware béid Persounen net z'erkennen.

D'Wieder- a Panoramakamerae ginn net fir Iwwerwaachungszwecker genotzt. Donieft ginn nëmme wéineg Biller déi am Dag geschoss ginn, zeréckbehalen.

D'Koppel op der Nockalm war net z'erkennen, ma engem Jurist no géifen d'Visiteuren op d'Kameraen higewise ginn. Et kann duerchaus de Fall sinn, dat Leit déi net wëlle gefilmt ginn, eng Plainte beim Bedreiwer vun der Webcam kënnen areechen an dëst souguer viru Geriicht ka kommen.