45.000 Dollar pro Sekonn fir ee Vol vun 10 Minutten an d'Weltall zesummen mam Jeff Bezos. Sou vill huet een anonyme Keefer dofir bezuelt.

Den éischte Vol mat der Rakéit "New Shepard" vun der Firma Blue Origin soll den 20. Juli starten an dauert 10 Minutten. Mat u Bord an der Kapsel sinn den Amazon-Chef Jeff Bezos a säi Brudder. De ganze Spaass kascht awer 28 Milliounen US-Dollar.

Nom Start soll d'Rakéit innerhalb vun zwou Minutten op méi wéi 3.700 Kilometer pro Stonn kommen. No dräi Minutten trëtt dann d'Schwéierlosegkeet an. Bis ob 100 Kilometer iwwert der Äerd flitt d'Rakéit erop, dono trëtt d'Rakéit nees an d'Äerdatmosphär a soll duerch grouss Fallschiermer ofgebremst ginn an an der texanescher Wüüst landen.

Den Ticket fir dëse Vol ass bei enger Auktioun versteet ginn an d'ursprénglech Gebot vu 4,8 Milliounen Dollar war séier iwwerbitt. Déi Persoun, déi am meeschte gebitt huet, huet mat 28 Millioun Dollar den Ticket fir dësen eenzegaartege Vol fir sech ergattert. Em wien et sech bei dësem Keefer handelt, soll an deenen nächste Woche bekannt ginn. Och eng 4. Persoun soll mat u Bord goen, mee och do ass nach net gewosst wien dat soll sinn.