D'Leit ginn dacks fir Dommheeten ee Koup Geld aus. Ma an Neuseeland ass esou ee Fall nees agetraff. 

Planze maachen d'Wunneng méi wunnlech a verbreeden eigentlech och Rou an engem Raum. Esou läit et also op der Hand, dass een dofir och mol deen een oder aneren Euro sprange léisst. Ma an Neuseeland huet eng Planz elo awer definitiv de Kader gesprengt. Sonndeg den 13. Juni ass do nämlech ee seelent Exemplar vun der Gattung Rhaphidophora Tetrasperma fir ëmgerechent 16'000 Euro versteet ginn. Am Ganze sinn 248 Offere fir dës Planz gemaach ginn.

Besonnesch un der Planz ass déi wäiss Faarf un de Blieder an um Stamm, esou huet dat mol de Verkeefer begrënnt. Et ass déi deierste Planz déi bis elo op der Plattform ''Trade Me'' verkaf gouf. Kuerz viru Schluss vun der Stee ass de Präis nach eng Kéier kräfteg an d'Luucht gaangen an dat well zwee Interesséierter sech géigesäiteg ëmmer nees iwwerbueden hunn.