Dee Live Take war esou wuel net geplangt...

An enger Sendung vum namibesche Sender NBC hu sech zwou Moderatorinnen e peinleche Faux-Pas geleescht. D'Sportsmoderatorin Jessica war net d'Accord domat wéi hir Aarbechtskolleegin den Take geplangt hat a wollt dat och gesot hunn. De Problem: Et gouf net hannert de Kulissen ugeschwat mee wärend déi zwee live op Sendung waren.

"Nee dat maache mer net. Du begréiss mech einfach an dann iwwerhuelen ech. Mee sou maache mer dat net", esou huet d'Jessica senger Aarbechtskolleegin einfach kloer d'Meenung gesot bis de Saz gefall ass: "Jessica, mir si live".

Op Twitter ginn d'Reaktiounen auserneen, déi eng wëlle wësse wat tëscht deenen zwee muss virgefall sinn, dass den Toun esou ugespaant ass, déi aner feieren d'Jessica u well et weess wat e wëll an dat och esou matdeelt.

Egal wéi war d'Situatioun esou net geplangt an de Sender huet och scho mat engem Statement reagéiert. Déi zwou Frae wären nach gutt openeen ze schwätzen an et kéint ee sech net erkläere firwat de Knäppchen am Ouer vun der Sportsmoderatorin net funktionéiert hätt.