Bei kuerze Boxe versteet d'Police kee Spaass, och net bei 30 Grad...

Eigentlech kléngt dat Ganzt ze absurd fir et eescht ze huelen, ma fir ee Beamten aus Éisträich ass d'Affär vun enger kuerzer Box a Schlappen awer genee dat ginn: Eescht! Bei der Police gëtt et en Dresscode, dat ass kloer. Ma, dass dësen och agehale muss gi wann een net um Terrain ass mee bei den Aarbechtsdokter geet, dat war dem Beamten ëm deen et hei geet wuel net kloer.

Iwwer 30 Grad waren et deen Dag, op deem hie sech beim Aarbechtsdokter sollt blécke loossen an dofir hat hie sech fir eng kuerz Box a Flip Flops decidéiert. Den Dokter huet de Mann ënnersicht a befonnt, dass net just de kierperlechen Zoustand misst nidder geschriwwe gi mee och dem Beamte säin Outfit. "De Beamten, dee misst ënnersicht ginn, ass a kuerzer Box a Buedschlappe komm", esou war et am Bericht ze liesen, deen doropshi weider un d'Justiz geschéckt gouf.

Dem Beamten am Strandlook kéint elo eng Strof droen, dat Ganzt gëtt awer nach gepréift.