Am Saarland (D) koum et zu engem skurrille Virfall. Eng geklaute Palm gouf op engem anere Balcon fonnt - d'Awunner hu behaapt, näischt dovun ze wëssen.

Wéi d'Police aus dem Saarland (D) e Sonndeg de Moie matdeelt, koum et an der Nuecht vum leschten Donneschdeg op e Freideg zu engem skurrille Virfall. Eng Rei Täter hunn do eng gréisser Palm, ongeféier 1,5 m grouss, mat Planzendëppen, am Wäert vu ronn 500 Euro vun der Terrasse vun engem Grondstéck geklaut.

E Samschdeg Nomëtteg huet déi beklaut Persoun bei der Police ugeruff a gesot, si hätt d'Palm net wäit fort um Balcon vun enger anerer Wunneng stoe gesinn. Op der Plaz huet d'Police festgestallt, datt et sech tatsächlech ëm déi verschwonne Palm gehandelt huet.

D'Awunner vun der Wunneng mat der Palm hunn awer uginn, net ze wëssen, wéi d'Palm dohinner komm wier. Op Unuerdnung vum Parquet hunn déi zwee awer missen d'Palm zréckbréngen an op hir eigentlech Plaz zréckstellen. Den Transport gouf duerch déi present Police-Beamte geséchert.

D'Police schreift: "Op hirer Stammplaz erhëlt d'Palm sech elo vun hirer kuerzzäiteger Entféierung".