Och wann de Rekord gegléckt ass, d'Experiment war et wuel net...

"Ech sinn endlech fräi", dat waren der "DailyMail" no déi éischt Wierder vun der 29 Joer aler Viktoria Pustovitova, genannt Vika, nodeems et sech vu sengem Frënd, Alexander Kudlay, ofkette konnt. Wuertwiertlech! Déi Zwee hate sech nämlech op Vältesdag dëst Joer uneneegebonne fir esou nees méi zoueneen ze fannen.

D'Koppel hat sech erhofft, dass se duerch dës Aktioun hir Bezéiung rette kéinten, ma wat de Schluss vum Experiment méi no komm ass wat ëmmer méi kloer gouf, dass d'Problemer iwwerweien. Deemno hunn déi Zwee net just hir Hochzäitspläng op Äis geluecht mee d'Bezéiung direkt op en Enn bruecht nodeems se "befreit" goufen.

Op hirem gemeinsamen Instagram-Account hat d'Koppel hir Follower reegelméisseg doriwwer informéiert wéi d'Experiment leeft. Séier ass kloer ginn, dass béid et net ofwaarde kéinten nees eleng duerch d'Liewen ze goen. Net just privat waren d'Vika an den Alex unenee gebonnen, och am Beruff. Wärend de Mann säin Job behalen huet a seng Frëndin einfach matgeschleeft huet fir Autoen ze verkafen, huet d'Vika seng Aarbecht verluer. Hir Clienten hätte sech net wuel dobäi gefillt, wann den Alex bei de Behandlungen dobäi war. Och bei der Benotzung vun ëffentlechen Toiletten hätt dem Vika säi Frënd reegelméisseg fir Opreegung um Dammen-WC gesuergt.

Och wann de gemeinsamen Account mëttlerweil geläscht gouf, sinn déi Zwee net am mega Sträit ausernee gaangen. Si wäre souguer frou d'Erfarung gemaach ze hunn an hu sech bei all hire Follower, déi se ënnerstëtzt hu bedankt. An der Ukrain hu se domat ausserdeem e Rekord opgestallt.