An da war den Zoustand och nach gebraucht...

En US-Amerikaner huet en Chicken McNugget an engem vun de McDonalds Menüe fonnt, déi zu Éiere fir d'Band BTS kreéiert goufen. Dass en Chicken Nugget am Menü fonnt gouf, dat war näischt Ongewéinleches mee d'Form dovun huet dofir gesuergt, dass de Snack op Ebay gelant ass. Ugesat gouf de Präis bei ronn 34.500 Dollar. Dat Besonnescht doru war dass d'Stéck engem Spillcharakter aus dem MultiPlayer-Game "Among Us" gläicht.

Déi Persoun, déi den Nugget fonnt hat, hat d'Potential direkt erkannt an d'Iessen op Ebay gesat. Mat de Wierder "D'Iessen huet en ongeféieren Oflafdatum vu 14 Deeg. Den Zoustand ass gebraucht. De Versand ass éischt Klass déifgefruer a loftdicht verpak", esou mécht de Verkeefer säin Unikat schmackhaft. Op Wonsch géif et souguer séiss-sauer Zooss dobäi ginn. Ma dann... Schnäppchen!