Och am Alter vun 91 Joer léisst sech de Sobieslaw Zasada net stoppen. Hien wäert och nach mat 100 Joer Coursë fueren. Do staunt een net schlecht.

Mat 91 Joer nach un de Start vun enger Autoscourse goen. Do staunt een net schlecht wann een d'Story vum Sobieslaw Zasada héiert.

Viru 70 Joer ass de polnesche Rallye-Pilot Sobieslaw Zasada seng éischt Course gefuer. Elo wëll den 91-Järegen säin Talent op e neits beweisen. Dat op der Safari-Rallye a Kenia.

D'Liewe fänkt mat 90 un, esou den Zasada géintiwwer der AFP um Donneschdeg. Seng Géigner wäerte ronn 70 Joer méi jonk wéi hie sinn.

De Sobieslaw Zasada ass "Forbes" no ee vun de räichste Mënschen a Polen. Déi no him benannten Zasada-Grupp ass an der Automobil, Immobilien- a Lifestyle-Industrie täteg. A senger Karriär ass de Pilot ronn 250 Competitioune gefuer an huet dovun 150 gewonnen.

Bei der Rallye a Kenia geet et awer haaptsächlech dorëm, um d'Zil unzekommen. Den Zasada sot donieft nach, et wäert net seng lescht Course sinn. Hien wëll nach mat 100 Joer kënne Coursë fueren.

Et ass ni ze spéit wéi et schéngt.