Gutt, dass et déi sozial Medie ginn...

Eigentlech wollt d'Valerie Contreras de Sonnenënnergang un der US-amerikanesch Westküst zu San Francisco genéissen. Ma nodeems d'Fotografin sech prett gemaach hat mat hirer Kamera ass hir direkt nieft dem Waasser eng Koppel opgefall. De Mann ass sech, hiren Aussoen no, déi ganzen Zäit un d'Jackettentäsch gaangen, der geüübter Fotografin no, en Zeeche fir e ganz besonnesche Moment, dee kéint bevir stoen. Deemno huet d'Fra séier hiert Equipement opgestallt a mat der Kamera scho mol drop gehalen, natierlech esou, dass d'Koppel selwer näischt dovu matkritt huet.

An d'Fra sollt Recht behalen: Kuerz drop ass de Mann op d'Knéie gaangen, huet e Rank aus senger Jackettentäsch gezunn an d'Fro vun de Froe gestallt. D'Fotografin huet genee dee Moment festgehalen, wollt awer net de private Moment stéieren. Dowéinst huet si d'Fotoen duerno op Twitter eropgelueden an aner User dozou opgefuerdert hir bei der Sich no deenen zwee Verléiften ze hëllefen. Bannent e puer Stonnen hat een de Ricky Johnson a seng Verloobten Jazmine Winn fonnt.