De perfekten Job fir Foodies!

Et gi vill skurril Jobs an den USA an een dovu klengt fir Pizza-Fans ze schéi fir wouer ze sinn. D'Pizza-Plattform Slice vergëtt 50x den Job "Head of Pizza", hei verpflicht ee sech dozou kleng onofhängeg Pizzariaen ze testen an ze promoten. Als Belounung gëtt een dann net bezuelt mee et kritt een eng Joresratioun Pizza.

Ausserdeem kritt ee 500 Dollar Reeskäschten, e "Content-Creation-Kit" fir seng individuell Pizza-Rondrees digital ze produzéieren a ganz vill Pizza-Solden. Wien awer lo mengt e kéint einfach mol eng Foto posten a kritt dofir gratis Pizza, deen iert sech. D'Firma erwaart sech nämlech richteg Enthusiasten: "You want to shout about your love of pizza from the rooftops", heescht et an der Annonce.

Ganz wichteg ass och den Aspekt vun de klengen onofhängege Pizzerien, bei déi grouss Chaine sollen d'Tester nämlech net goen. Insgesamt gëtt hei mat 16.000 Restaurante zesumme geschafft an dat queesch duerch d'USA.

Fir eis hei zu Lëtzebuerg ass dëse Beruff also leider nach näischt mee wie weess villäicht gëtt d'Jobbeschreiwung "Pizza-Influencer" jo och hei demnächst Realitéit.