"Kee Brëll, op kee Fall schwanger ginn an ofhuele musst der och", dat si just e puer Saachen, déi dës Brautjongfer erfëlle mussen.

D'Hochzäit, et soll de schéinsten Dag vum Liewe ginn an dowéinst si vill Koppele prett vill Suen, Organisatioun an Zäit an dëst Event ze stiechen. Ma verschiddener iwwerdreiwen et awer a maachen domat net just sech selwer mee och de Gäscht Drock. Esou och ze liesen an engem Kommentar op der Plattform "Reddit". Hei huet eng Userin hir Erfarung gedeelt, déi se mat enger Frëndin gemaach huet.

D'Fra sollt eng vun de ville Brautjongfer sinn an dat obwuel se guer net esou gutt befrënnt waren. Den Haaptgrond fir d'Ufro: De Bräitchemann hat 7 Trauzeugen, dofir misst d'Fra der eben och esou vill hunn. Op där Plaz wären déi eng oder aner scho mësstrauesch ginn. Ma wat duerno u Fuerderunge komm ass, war net manner skurril.

D'Braut huet drop bestanen, dass d'Brautjongferen alleguer de selwechte Rack kafe fir 140 Dollar, sech d'Neel mat dem exakt selwechte Faarftoun fierwen, kee Brëll undoen, d'Hoer net méi laang hu wéi d'Braut selwer an och hei misst d'Faarf ofgestëmmt sinn, also d'Faarf vun den Hoer! Ma domat net genuch: Och eng gewësse Figur gouf erwaart an esou huet d'Braut geschriwwen, dass se all missten ofhuelen, déi eng méi (bis zu 10 Kilo), déi aner manner. Nieft den äusserleche Fuerderunge gouf och nach an d'Privatliewen agegraff. Esou duerften d'Fraen, der Lëscht no, net schwanger gi virun der Hochzäit oder sech selwer verloben, dass och keen d'Opmierksamkeet op sech zitt. Oder fir an de Wieder vun der Braut ze soen "Schwanger ginn ass den ultimative Bedruch".

Mat de Wierder "Maacht iech keng Suergen, ech kann iech ouni Problemer ersetzen", huet d'Braut dunn och nach kloer gemaach, dass jiddereen, deen d'Lëscht net erfëlle kann net als Brautjongfer a Fro kënnt. Ma d'Autorin vum Reddit-Bäitrag hätt hir Invitatioun souwisou direkt ofgeleent nodeems se d'Lëscht kritt hätt.