Dës Boma beweist: Den Alter ass just eng Zuel!

Fir jiddereen, deen no e bësse Beweegung schonn direkt de Réck wéi kritt oder deeglaang Muskelkater huet, dee wäert sech bei dëse Biller elo net onbedéngt méi sportlech fillen. Géint d'Mildred Wilson, kann een nämlech just verléieren. D'Fra ass nämlech 81 Joer al an hëlt ëmmer nach Deel bei engem vun den extreemste Renne weltwäit: Dem "Tough Mudder". An dat scho fir déi 2. Kéier - Am Video gesitt der wéi d'Fra sech duerchkämpft!