Firwat net just Italien, mee mëttlerweil och Däitschland, op dat "iessbaart Gold" setzt...

Kënnt een zu Montecavolo die Quattro Castella (Italien) an d'Lagerhal vun der Credem-Bank gesäit ee gëlle Rondelen, gestapelt a risege Regaler, déi vum Buede bis un de Plafong ginn. Ma et ass net alles Gold wat blénkt, d'Bank setzt nämlech zanter méi wéi engem halwe Jorhonnert op Kéis an net ob Edelmetaller.

Ennert den héchste Sécherheetsmesure ginn do honnertdausene vu Leiwer Kéis gelagert. Hannert dem Konzept stécht dann och tatsächlech e lukrativt Geschäft: D'Bank gëtt den Hiersteller vum Kéis nämlech e Kredit an als Sécherheet kënnen dës hire Kéis hannerleeën. Do reifen se da bis zu 3 Joer bis e verkafsbereet ass an da kënnen d'Hirsteller hire Kéis nees zréckkréien an deem se hire Kredit zréck bezuelen. Kënne se dat allerdéngs net, kann d'Bank de Kéis verkafen. De Risiko ass also fir béid Säite relativ geréng well d'Bank eng Sécherheet huet an d'Hirsteller liquid bleiwe kënnen, deemno Investitioune kënne maachen a gläichzäiteg hire Kéis ënner optimale Sécherheetsmesure räife loosse kënnen.

Wéi ee Wäert dëse Kéis huet wëssen awer och Onéierlecher an esou gouf am Joer 2003 an e Gebai vun der Credem agebrach a 2500 Leiwer Kéis am Wäert vun insgesamt enger Millioun Euro geklaut.

Zanter 2020 wëll iwweregens och déi "Deutsche Bank" an de Kéis-Business eraklammen. Wie weess villäicht gëtt demnächst och hei am Land e Fort Knox vum Parmesan.