Verschidde Leit hu ganz skurril Iddie virun allem och wat den eegene Kierper ugeet. De Michel Faro do Prado wëll zum Beispill dem Lucifer gläichen.

Mat der moderner Chirurgie kann ee mëttlerweil ganz vill u sech maache loossen. Esou zum Beispill den Justin Jedlica alias Real-Life-Ken. Ee Mann dee sech esou operéiere gelooss huet, dass en ausgesäit wéi dem Barbie säi Ken.

Wien awer elo mengt, dass dat scho schlëmm an aussergewéinlech wär, deen huet de Michel Faro do Prado nach net gesinn.

Et muss ee sech natierlech am Hannerkapp halen, dass jidderee mat sengem Kierper maache ka wat e wëll. Bedenke soll een do allerdéngs just ëmmer déi gesondheetlech Aspekter, well eng Narkos no der anerer ka fir de Kierper alles mee net Gesond sinn.

De Brasilianer Faro Prado aus sprengt mat sengen Operatiounen allerdéngs total de Kader. Säit 25 Joer schafft dee mëttlerweil 44 Joer ale Faro als Tattowéierer. Esou wonnert et een net, dass hien och seng eegen Haut mat Tattooe verschéinert. Hien ass allerdéngs net just e Fann vun Tattowéierunge mee och vu Body-Modification. Dobäi geet de Mann allerdéngs esou wäit, dass hien als mënschleche Satan wëll ugesi ginn an esou gesäit en och mëttlerweil aus.

Hare kucken aus sengem Kapp eraus an esouguer Stousszänn huet de Brasilianer sech implantéiere gelooss, déi eegenen Aussoen no 920 Euro kascht hunn. Wärend déi nei Kierperdeeler sengem Gesiicht bäigefüügt gi sinn, huet e sech awer och e puer Saache wech huele gelooss an zwar de Rankfanger.

Ma och d'Nues ass net méi ganz do. Esou huet hie sech d'Spëtzt vun der Nues amputéiere gelooss. An anere Wieder bedeit dat, dass d'Nasescheidewand elo komplett fräi läit. Wéi de Mann selwer seet huet en eng grouss Resistenz géigeniwwer Péng, ma e géing awer an den Nobehandlunge méi leide wéi virdrun.