Dat ass mol eng richteg sch*iss Etüd...

Neisten Etüden no kéint eng Stull-Transplantatioun dozou bäidroen Corona ze heelen. Analysen hunn erginn, dass dës Method d'Covid-Symptomer bannent zwee Deeg verschwanne léisst. Offiziell gëtt d'Verfueren "fäkale Mikrobiota-Transplantatioun (FMT)" genannt an ziilt dorop un eng gesond Auswiel u Mikroben am Daarm erëm hierzestellen. Esou soll dann den Immunsystem am Kierper gestäerkt ginn, esou d'Fachzeitung "Gut".

Fuerscher sinn zu där Conclusioun komm nodeems en 80-Järegen an en 19-Järege mat Exkrement-Transplantatioune behandelt goufen. Béid ware wéinst aneren Erkrankungen an d'Klinik komm a sinn do dunn och nach positiv op de Covid getest ginn. Ma ganz onerwaart sinn d'Symptomer ofgeklongen nodeems se d'Stull-Behandlung verofreecht kruten.

Interessant Froen an Analysen, ma trotzdeem muss nach nogefuerscht ginn. Skurril klengt dat Ganzt awer op alle Fall!