D'Beamten hätten d'Déier zwar scho gesinn, ma et ass hinne fort gehopst an deemno ëmmer nach op fräiem Fouss zu Delmenhorst.

An der Nuecht op e Mëttwoch si bei der Police eng ganz Partie Meldungen erakomm, dass e Känguru duerch d'Stad géif hopsen. Eng Fra hat d'Deier bei enger Bushaltestell gesinn, wouropshin d'Beamten och dohi gefuer sinn, ma de Känguru war méi séier an ass hinnen duerch d'Bascht gaangen.

De Besëtzer vum Wallaby konnt mëttlerweil ermëttelt ginn, d'Deier selwer konnt bis elo awer nach net agefaange ginn an ass deemno ëmmer nach zu Delmenhorst ënnerwee.