Sengem Date am Virfeld virzeschreiwen wéi déi aner Persoun auszegesinn huet ass wuel net déi beschte Flirt-Iddi...

Et ginn e puer Reegelen, déi ee beim éischten Date anhale sollt. Eng dovun: Ni enger friemer Persoun virschreiwe wat dës undoe soll fir dat éischt Date. Dovu wéi se sech ze schminken huet mol ganz ofgesinn. Ma genee dat huet de Mann, deen e Rendezvous mam Megan Elizabeth hat, awer fir néideg gehalen an huet der Fra matgedeelt, dass si schéin auszegesinn huet an net wéi eng "goth witch" well hien dat nun emol einfach net gären huet.

Dem Megan seng Reaktioun dorop: Hatt huet sech, obwuel et am Alldag net esou gekleet a geschminkt ass, fir genee esou e Look decidéiert. An engem TikTok Video weist et wéi et staarken donkelen Aen-Make-up a schwaarze Lëppestëft (Eyeliner, well et kee schwaarze Lëppestëft hat) opdréit fir kloer ze maachen, dass hatt sech vu kengem soe léisst wéi et auszegesinn huet. Fir dës Ausso nach emol ze bestäerken huet @meganelizabeth1016, wéi et op der Plattform heescht, nach betount, dass wann dat dem Date net gefält hatt säi Bagel selwer bezuele géif a vun him aus och eleng Slipknot u sengem Dësch am Restaurant lauschtere géif.

@meganelizabeth1016

Reply to @tinder Yes I brought my own wine glass to Panera that says “my horoscope said this would happen” 😂😂##tinder ##goth ##rude ##ditched ##fy

♬ MONTERO (Call Me By Your Name) - Lil Nas X

Follower hunn d'Megan fir seng Reaktioun gefeiert. Säin Date war allerdéngs alles anescht wéi begeeschtert an huet et sëtze gelooss nodeems en et duerch d'Fënster erbléckst hat. "All d'Meedercher sinn d'selwecht", esou den enttäuschte Mann spéider iwwer Tinder, "Ech hu just eppes verlaangt, dass de schéin ausgesäis an net esou ugedoe bass". Dem Megan säin Date huet et informéiert, dass hie sécher net géif an de Restaurant era géif kommen a sech mat him an der Ëffentlechkeet géif blécke loossen, "dat wär jo einfach just peinlech". Genee dat hunn aner Leit och fonnt, allerdéngs peinlech vum Mann senger Säit aus, d'Megan hätt sech näischt virzegeheien, esou seng Follower.