D'Gangster hate wuel Duuscht kritt vum ganzen Abriechen...

Géint 21 Auer haten Zeien zu Wien zwee Männer duerch e Gaart lafe gesinn. Kuerz drop hunn d'Bewunner Geräischer héieren an engem Café, direkt nieft dem Haus mam Gaart an hu virsiichtshallwer mol d'Police geruff. Wéi d'Beamten ukomm sinn, hu se tatsächlech 2 Männer a besotem Café virfonnt. Dës waren allerdéngs net grad dobäi d'Keess auszeraume mee souze bei engem Dësch an hu sech e Béier gegënnt.

Déi zwee Männer am Alter vun 23 a 55 Joer hat nom Abroch den Duuscht gepaakt an esou goufe Béid am Akt vum Béier-Drénken erwëscht. Donieft goufen dunn nach geklaute Spirituosen an eng Rëtsch Zigarettepäck sécher gestallt.