Sou wéi een sech an engem Drive-In nach séier tëschenduerch eppes fir ze iesse ka siche goe, sou kann een sech elo och géint de Coronavirus impfe loossen.

Zu Berlin gëtt et elo deen éischten Drive-In fir Corona-Impfungen. Um Parking vun engem grousse Miwwelgeschäft kann sech jidderee mat Wunnsëtz zu Berlin ouni Rendezvous impfe loossen. Zur Verfügung stinn d'Impfstoffer vu Johnson & Johnson a Moderna.

Direkt um éischten Dag ass den Drive-In Impfzenter vu Mënschen iwwerrannt ginn, sou dass d'Santé vu Berlin huet missen d'Léit dozou opfuerderen sech net méi unzestellen.

Dës Aktioun geet op mannst sechs Wochen an dat all Dag vun 11 Auer Moies un.