D'Mam wollt reegelméisseg Fotoe fir ze wëssen ob de Mann gutt op d'Kanner oppasst...

De Partner oder d'Partnerin mam eegene Kand eleng ze loossen ass jo eigentlech ganz normal, ma trotzdeem kann ee sech mol Suerge maachen an nofroe wéi et leeft. Genee esou ass et dem Tineke gaangen, Fra vum Kenny Deuss, déi all Dënschdeg misst schaffe goen an an där Zäit hire Mann mat den zwou gemeinsamen Duechteren eleng gelooss huet. Fir trotzdeem ze wësse wat déi 3 sou stiichten an ob et hinne géif gutt goen, huet d'Fra reegelméisseg no Fotoe gefrot.

Ma wéi eng Foto koum op där de Kenny waarme Kaffi op senger jéngster Duechter verschott huet oder de Bëbee vun engem Méiw geklaut gëtt konnt d'Tineke sengen A wuel net trauen. Ma séier hat si an hir Aarbechtskolleegen den Trick eraus a konnten et net erwaarden ëmmer nees nei Photoshop-Konschtwierker vum Mann geliwwert ze kréien.

Mat dem Bildveraarbechtungsprogramm inzenéiert de Papp vermeintlech geféierlech Situatiounen, ënnert dem Numm @onanadventurewithdad post e seng Wierker dann op Instagram a begeeschtert domat mëttlerweil iwwer 300.000 Follower.