Vu Kollaboratioune mam Lizzo, Jay-Z a Shawn Mendes zu engem Feature mat enger Bréck?!

Fotograféiert gëtt se vill, ma mat hir musizéiert, dat héiert een net esou dacks. Riets ass vun der Golden Gate Bridge, de berüümter rouder Bréck zu San Francisco. A genee déi mécht elo wéi et schéngt Karriär als risegt Instrument, esou op alle Fall wann et nom Museker Nate Mercereau geet. Den US-Gittarist huet den Dënschdeg 4 Duetter mat der Bréck released, déi en un zwee Deeg opgeholl hat, un deenen de Wand staark geblosen huet. Den Effekt vum Wand, dee mat der Bréck agéiert, féiert dozou, dass e bestëmmte Sound entsteet.

Zesumme mat deene Kläng, senger Gitar a sengem Synthesizer koum dunn eng Zort Museksstéck dobäi eraus. Kléngt experimentell, ma fir d'Awunner bedeit de Klang vun der Golden Gate Bridge virun allem eppes: Zanter Jore suergt d'Konstruktioun bei Wand nämlech fir en ongewéinlecht Summen, dat d'Bewunner vu San Francisco als gespenstesch a virun allem als nerveg astufen.

Ma genee dëse Stéier-Faktor wollt de Museker an eppes "Eenzegaarteges a a Schéines" verwandelen. Op alle Fall eng Challenge fir de Gittarist, dee soss mat Gréisste wéi dem Lizzo, Jay-Z a Shawn Mendes schafft.