Fir déi déi en Elektroauto fueren an awer de Bensinngeroch vum Brenner vermëssen, gëtt et elo eng Léisung.

Elektroautoe sinn am Trend. Den Effet, d'Ëmwelt ze schützen an trotzdeem kënne vu sengem Auto profitéieren ouni e schlecht Gewëssen ze hunn kléngt verlockend.

Ëmmer méi Leit sprangen op den Zuch vum E-Auto an trotzdeem vermëssen en Deel vun den Automobilisten eppes ganz Spezielles vum ale Brenner.

Deemno huet sech en US-Autohirsteller eng afale gelooss. Wéi et heescht géif all 5. E-Autofuerer de Geroch vum Bensinn vermëssen.

Doropshi koum déi heiten Iddi: Zesumme mat engem Parfumhirsteller gouf elo e Parfum mat liichtem Bensinn-, Damp- a Gummigeroch gemëscht.

Offiziell kann een de Parfum net kafen. De Parfum gouf et nëmme fir Keefer vun engem Elektroauto.