Eng Fra aus Brandenburg an Däitschland huet zënter 2 Joer déi selwecht Zuele getippt an huet tatsächlech no 2 Joer de Jackpot geknackt.

Et keeft een sech e Billjee ma et denkt een sech net vill dobäi. "Ech gewanne souwisou näischt, d'Chancë si vill ze kleng."
An awer hofft een, et kéint een e Puer Millioune mat Heem huelen.

Eng Fra an Däitschland huet hiert Gléck op alle Fall komplett erausgefuerdert a wärend 2 Joer déi selwecht Lottoszuelen aginn. An genee no 2 Joer stellt si fest, datt si ronn 48 Milliounen Euro op de Konto geschriwwe kritt.

Eng zweefach Mamm aus Brandenburg hat sech eréischt no e Puer Woche bei der Lotterie gemellt, esou d'Spriecherin vun der Lotterie. Nodeems den Eurojackpot um 25. Juni geknackt gouf hat d'Lotterie nom Gewënner respektiv Gewënnerin gesicht.

D'Gewënnerin huet hir Zuelen ëmmer am Shop préiwe gelooss, ma dëst Kéier hat si wéinst de Berichter iwwert de Milliounegewënn am Internet recherchéiert an hätt ufanks net gegleeft, datt si déi richteg Zuelen hat.

Der Lotterie no ass d'Gewënnerin eng trei Cliente déi zënter 2 Joer ëmmer déi selwecht Zuele getippt huet. Deemno hätt si ganz spontan déi Zuele gewielt an déi och ëmmer nees genotzt.

4, 17, 22, 20, 47 an d'Eurozuelen 1 an 8. Dëst waren hir trei Gléckszuelen.

D'Fra wéisst och scho wat si mam Geld ufänkt. Eng Vakanz mat der Famill steet um Programm. Wat een dono mécht géif hir spontan afalen esou d'Gewënnerin.