Am Saarland gouf ee gréissere Police Asaz ausgeléist, dat wéinst engem gemellten Abroch. Hei hate méi Persoune probéiert an een Haus ze kommen.

An der Nuecht vun ee Samschden op ee Sonnde gouf der Police vun Neunkirchen a Saarland een aktuelle lafenden Abroch gemellt. Hei solle méi Persoune probéiert hunn an een Haus eran ze kommen, wat hinne schliisslech och gelongen ass. D'Awunner vum Haus ware réischt kierzlech verreest.

Op déi gemellten Adress si kuerz drop ee puer Policeween gefuer an d'Haus gouf vu Beamten ëmstallt.

Et huet sech awer séier erausgestallt, dass et sech beim Abriecher em de Bouf vun den Awunner gehandelt huet, deen nom Feiere mat ee puer Kolleegen heem komm ass. Beim Opspäre vun der Dier hat den alkoholiséierte Bouf sech awer net sou geschéckt ugeluecht an dofir haten d'Noperen dat als Abroch interpretéiert.