Hei hat wuel ee Suen oder Zäit ze vill...oder villäicht och béides?!

Wärend dem Lockdown si verschidde Leit, déi vill doheem hu misse bleiwe richteg kreativ ginn a punkto Zäitverdreif. Ganz niewebäi goufen och nach Sue gespuert well ee jo net méi sou vill ënnerwee war an dës konnt ausginn. Ma kombinéiert ee béides, esou wéi d'Billie Jo Welsby aus Burnley, Lancashire (England), kënnt dann och nach eng ganz ongewéinlech Kichen-Deko dobäi eraus.

Wéi esou vill Leit an der Pandemie wollt och dës Fra eppes un an an hirem doheem veränneren. Ma amplaz op Faarwen oder nei Miwwel ze setzen huet si d'Kiche mat Cent-Stécker dekoréiert. D'Kosmetikerin hat wärend der Kris keng Méiglechkeet Suen ze verdéngen an esou war d'Cent-Mauer, och wann et ausgesäit wéi wa se doduerch Suen zur Fënster erausgehäit hätt, hat d'Fra doduerch manner Käschte wéi wa se op eng professionell Ëmgestaltung gesat hätt. Ëmgerechent 87 Euro hänken elo un der Mauer a ginn der Kichen e ganz neie Look.

Nodeems d'Kosmetikerin hiren ongewéinlechen Deko-Hack op Facebook gesat huet, ass de Post viral gaange well d'Leit esou begeeschtert vun der Iddi waren. Ganzer 9 Stonnen konnt d'Fra domat iwweregens och iwwerbrécken, also e gudden Corona-Zäitverdreif a mol eppes aneres wéi puzzelen oder Bananebrout baken.