Den Trainer vun enger Basketekipp hat déi ganz Ekipp bestrooft well ee Spiller en Android-Handy hat a keen Iphone wéi de Rescht vun der Ekipp.

Engem Exzerpt vun engem Buch no hat den deemolege Coach vun der Basketekipp Milwaukee Bucks am Joer 2014 eng nawell brutal Strof wéinst enger banaler Saach erdeelt.

De Jason Kidd, den Trainer hat déi ganz Ekipp bestrooft well ee Spiller keen Iphone mee en Android-Handy hat an e Feeler am Gruppenchat ausgeléist hat.

Den Trainer hat déi ganz Ekipp lafe gedoen a gesot, datt dat e Beispill wier, datt d'Ekipp net eng Eenheet wier. Dem Trainer seng Ethik war et déi ganz Ekipp fir e Feeler vun engem Spiller ze bestrofen an de concernéierte Spiller net Deel vun der Strof ze sinn.

Dëst sollt den Teamgeescht stäerke mee ob dat beim Choix vum Handy och soll oder kann applizéiert ginn, ass nawell e Schratt méi wäit.