Esou ee royalen Dessert hält sech bestëmmt extra laang...

Et war d'Hochzäit vum Joerhonnert: Den 29. Juli 1981 hu sech de Prënz Charles an d'Pinzessin Diana sech bestuet. Ma en entfernte Familljemember hat sech e Stéck vum Hochzäitskuch deemools extra gutt apake gelooss a bis 2008 an enger Kichelchersdous opgehuewen. 2008 huet d'Persoun d'Stéck Kuch dunn un e Sammler verkaf, ma elo 40 Joer no der Hochzäit kënnt den Dessert nees ënnert den Hummer.

De Fakt, dass de royale Wopen drop ass zitt natierlech vill Fans vum Kinnekshaus un an de Kuch wär och nach am gudden Zoustand, et géif een awer dovun ofroden d'Stéck z iesse, esou de Chris Albury vum Auktiounshaus zu Cirencester.