Zu Grevelsberg an Däitschland huet en Abriecher Manéiere gewisen nodeems en entdeckt gouf...

De Méindeg géint hallwer 8 moies gouf eng 52-järeg Fra mat engem haarde Knall aus dem Schlof gerappt. Wéi se wollt nokucke wou dëst Geräisch hier kënnt huet se en onerwaarte Gaascht virfonnt.

Matzen an der Wunneng stoung en Déif!

Den Onbekannten huet sech séier bei der Fra entschëllegt a gesot, dass hien net wosst dass sech zum Zäitpunkt vum Abroch eng Persoun am Haus befonnt hätt.

Béid, souwuel den Abriecher, wéi d'Bewunnerin, koume mat engem Schreck dervun. Wuertwiertlech, den Déif, deen am Endeffekt kee war well en ouni Wäertsaachen dovu koum, hat sech no der Renconter séier duerch d'Bascht gemaach.