A Südafrika géif een elo eng nei Method ausprobéiere fir den illegalen Handel mat Nashorn-Haren ze bremsen.

Dofir préiwe Wëssenschaftler am Moment ob et méiglech wier radioaktiv Partikelen an d'Hare vun Nashörner ze sprëtzen. De Schmuggel kéint sou reduzéiert ginn, well d'radioaktiivt Material op Scanneren um Flughafen opfale géif. Dës Mesure géif de Fuerscher no, vill Leit virum Schmuggel ofschrecken.

Un zwee Nashörner hätt een elo mat net radioaktivem Material gekuckt, wéi eng Auswierkungen d'Flëssegkeet op de Kierper huet an ob et der Gesondheet vun den Déiere schued.