Wat geschitt grad op der Insel Baltrum?!

Et ginn Uertschaften, déi sinn engem net esou bekannt, ganz einfach well een ni dovun an den Noriichten héiert. An da gëtt et Baltrum, en Uert, dee warscheinlech genee an dee Spektrum géif fale wa se net direkt 2x dës Woch an de Schlagzeile gelant wären.

Nodeems virun e puer Deeg e Walross erbléckst gouf, en Déier wat do glat a guer net heemesch ass, gëtt et dann elo op en Neits Opreegung op der Insel. Touristen haten um Strand e Sak voll Kokain fonnt. De Wäert gouf vum Zoll op ronn 2 Milliounen Euro ageschat. Dass béid Saachen sech an der selwechter Woch op dëser klenger Insel zougedroen hunn ass natierlech puren Zoufall, ma leet elo dozou, dass vill Leit sech iwwert d'Uertschaft informéieren.

Villäicht net déi beschte Reklamm, ma Haaptsaach d'Leit hunn d'Nordsee-Insel elo um Schierm.