Kann een et dann iwwerhaapt nach "Gassi GOEN" nennen?!

Vill Leit hu viru puer Deeg anstänneg gestaunt, wéi se e klengen Trëppeltour a Schottland an engem ëffentleche Park maache wollten. Eng Koppel, déi och Loscht hat beim schéine Wieder eraus ze goen, hat nämlech e ganzt speziellt Hausdéier dobäi.

Nieft der Koppel louch eng zwee Meter grouss Schlaang op der Wiss d'Sonn ze genéissen, an dat ongeféier eng Stënnche laang. Op den éischte Bléck kéinte Passanten hei natierlech Panik kréien, ma de Mann an d'Fra hunn de Leit verséchert, dass hir Boa ganz zam wär. Geschitt ass näischt an tatsächlech hu mol net d'Hënn vun anere Spadséiergänger sech fir d'Déier interesséiert.

Déi éischte Kéier, dass Leit mat hirer Schlaang an de Park gi war et net: Eréischt Enn August stoung esou e Virfall an den Noriichten.