Fir all d'Snack-Fans, déi dem Oktoberfest hannendrun traueren.

Dëse Weekend wär den Optakt vum Oktoberfest zu München gewiescht. Leider gouf och dëst Event nees ofgesot, de Grond musse mer wuel net méi erwänen.

Ma vill Leit wäerten et vermëssen: Virun allem de Béier, d'Stëmmung an natierlech d'Iessen. Ma wien d'Schwéngs-Hax mat Sauermous vermësst, dee ka sech hëllefen. Chipsen an dësem Goût sollen nämlech elo an d'Regaler kommen.

Entwéckelt goufe se net vun engem Mann aus München, ma och zu Berlin ginn et Lederhosen-Fans wéi et schéngt. An de Berliner ass och richteg houfreg op seng Kreatioun, déi een net just wéi normal Chipse snacke kann, mee och an der Mikrowell opwierme ka fir de richtegen Oktoberfest-Feeling ze kréien. Ze kafe ginn et se an ausgewielten däitsche Supermarché-Chaînen, esou wéi online.