Den Aarbechter séngt ëmmer wärend dem Schaffen, ma bei dësem Client huet et sech och wierklech gelount!

Et war e ganz normale Moie fir de Kev Crane, dee bei engem Client am Buedzëmmer geschafft huet. Wéi ëmmer ass niewebäi de Radio gelaf, a wéi ëmmer huet de Mann laudenhaart matgesongen.

Den 49 Joer alen Installateur ass bekannt dofir wärend dem Schaffen ze sangen a gëtt deemno am Duerf och nach "the singing plumber" genannt. Bei all Job bréngt hie säin eegene Radio mat a grölt vun Dua Lipa bis The Beatles alles mat, ausser e gëtt gebiede méi lues ze sinn.

Meeschtens sinn d'Leit begeeschtert vu sengem Mini-Concert, ma déi Reaktioun, déi en elo vun engem Client krut war méi wéi onerwaart. Nodeems e beim Paul Conneally fäerdeg war mat sengen Aarbechten huet dësen him net just applaudéiert oder en Drénkgeld gi mee en ënner Vertrag geholl. De Client besëtzt nämlech säin eegene Plackelabel mam Numm "New Reality Records".

Demnächst kann een also dovun ausgoen, de Kev Crane net just am Buedzëmmer sangen ze héieren wann een hien als Installateur engagéiert huet.