Sech en Tattoo stieche loossen ass fir vill Leit e schwierege Sujet. En Symbol dat fir ëmmer ze gesinn ass. Ma hei war dat kee Problem fir d'Irene.

Mat 66 Joer, do fänkt d'Liewen eréischt un, esou den Udo Jürgens eemol.

Zu München an Däitschland huet eng Groussmamm decidéiert zesumme mat hirer 27 Joer aler Enkelin eng gréisser z'ënnerhuelen.

Béid Frae gi gären zesumme spadséieren, iessen a verbrénge vill Zäit mateneen. Eng Saach déi an Zäite vun enger Pandemie méi an de Virdergrond geréckelt sinn.

Dës Groussmamm huet am Joer 1996 hire Mann verluer, deen 21 Joer méi al wéi si war. Ma opgi koum net a Fro fir d'Irene. Mat 70 Joer huet si sech getraut emol Bungee-Sprangen ze maachen.

Ma elo huet d'Irene, zesumme mat hirer Enkelin Gianna decidéiert sech zesummen en Tattoo stiechen ze loossen. Deemno war et och guer net schwéier d'Irene z'iwwerrieden.

Och beim héijen Alter huet si sech natierlech gefrot ob dat e Problem wier. Ma et géif keen duerstellen.

Also huet d'Irene sech entschloss de selwechten Tattoo fir op ëmmer mat hirer Enkelin ze deelen. Eng schéi Geschicht an Erënnerung fir béid.