Et hätt alles esou perfekt kënne lafen... wann d'Fotografin eppes z iesse kritt hätt!

Eng Hochzäit ass fir eng Koppel e ganz besonnesche Moment, e Moment, deen et natierlech festzehalen gëllt. A genee dofir setze vill Leit op professionell Fotografen. Déi eng op méi professioneller, wéi anerer mee meeschtens gëtt et ëmmer eng Persoun, mat Kamera an der Hand déi dofir responsabel ass. Dës gëtt dann am Normalfall och fir hir Déngschtleeschtung bezuelt a meeschtens gëtt et och eppes z iessen. Eng Koppel hat genee op där Plaz wollte Sue spueren an de Feeler kuerz drop batter bereit.

Op Reddit huet eng Userin hir Erfarung als Hochzäitsfotografin gedeelt. D'Fra, déi normalerweis dorop spezialiséiert ass Muppen ze friséieren an ze knipsen, huet sech iwwerriede gelooss bei engem Kolleeg senger Hochzäit Fotografin ze spillen. D'Koppel misst nämlech Sue spueren a konnt dofir just 250 Dollar labber maachen. Dëst wär fir e ganzen Dag eng relativ geréng Zomm, do kéint ee jo da wéinstens en Iessen erwaarden. Ma deem war net esou, d'Fotografin krut verbueden z iesse wéi de Plat zerwéiert gouf. Si wär do fir ze fotograféieren, och wärend dem Iessen an et hätt een och keng Plaz fir d'Fra um Dësch. D'Moral vun der Geschicht: Mat "hangry" Leit ass net ze spaassen an deemno huet d'Fotografin all d'Fotoen, déi bis dohi gemaach goufen geläscht.

Op hongrege Mo knipst et sech anscheinend net sou gutt...