E Proprietär a Frankräich huet probéiert en interessanten Tosch ze maachen

An de leschte Jore si Pokémon-Kaarten nees méi beléift ginn, verschiddener an deem Ausmooss, dass d'Kaarte fir eng richteg héich Zomm iwwert den Dësch gaange sinn. Ma egal wéi Pokémon begeeschtert een ass, grad hei zu Lëtzebuerg géif wuel jiddereen, deen déi finanziell Mëttel huet, éischter op Immobilië setzen.

Net esou a Frankräich, wou e Mann säin Appartement fir 70.000 Euro géint eng Kaart vum Pokémon Charizard tausche wollt. D'Kaart war op Ebay opgetaucht a wär eng vu 5 op der ganzer Welt. Et wär eng ganz seele Kaart, déi aus der éischter Kollektioun vun 1999 staamt, trotzdeem wär de Verkeefer iwwerrascht, dass en eng komplett Wunneng zum Tosch ugebuede krut. Ob den Tosch zustane komm ass ass net gewosst, ma et ass net déi deierste Pokémon-Kaart um Marché. Dës ass nämlech fir 140.000 iwwert den Dësch gaangen.