Ass dat Konscht oder awer éischter Materialschued?!

De Samschdeg zu Wien hu Passanten e klengt Meedchen entdeckt, dat virun engem Supermarché en Auto bemoolt huet. D'Kand huet mat faarwege Lackstëfter verschidde Muster op dat blot Gefier gekrozelt. Vun Häerzer, Sonnen an Nimm war alles mat dobäi. Iergendwann ass de Security-Mann aus dem Buttek erauskomm an huet d'Meedchen op d'Aktioun ugeschwat. Ma dëst huet sech net oflenke gelooss an huet seng Konscht monter viru gefouert. Kuerz drop ass d'Police komm an och d'Mamm hat hiert kreatiivt Kand mëttlerweil fonnt.

D'Beamten hu mat der Mamm geschwat, den Auto inspizéiert an dës huet schlussendlech hir Donnéeë missen ugi falls de Besëtzer vum Auto sech géif mellen. Ob et Materialschued ass oder Verletzung vun der Opsiichtsflicht stoung net direkt fest, ganz angeneem kann dës Entrevue awer net gewiescht sinn, och wann d'Polizisten anscheinend iwwert d'Aktioun misste schmunzelen.

All ze dacks geschitt esou eng Form vu Street Art jo wuel net. De Besëtzer wäert sech och gewonnert hu wéi en zréck komm ass an d'Konschtwierk entdeckt huet. Ma falls et ëm net sollt gefalen, kann e sech bei der Nummer um Ziedel mellen, déi d'Beamten an déi erstaunte Mam vum Kand hannerlooss hunn.