An engem Wiener Bordell huet een elo d'Méiglechkeet, sech géint de Coronavirus impfen ze loossen.

Wéi an anere Länner gëtt och an Éisträich op de verschiddenste Weeër probéiert, d’Leit ze motivéieren, sech impfen ze loossen. Esou zum Beispill zu Wien am "Funpalast", e Bordell, dat eng Aktioun gestart, déi se "Lange Nacht der Impfung" nennen. Hei kënne sech Leit wärend der Nuecht am Bordell impfe loossen, dëst mat allen zougeloossenen Impfstoffer. Dobäi ass d’Impfung net nëmme gratis, mee uewendrop kritt een och nach ee Bong vun 30€ fir am Puff auszeginn.

Obwuel Kanner a Fraen normalerweis keen Zougang zu dësem Etablissement hunn, riicht sech des Offer un all Bierger. Soumat ass de Bordell ironescherweis eng vun de wéinege Plazen, wou jidderee sech nuets kann impfe loossen.

D’Iddi fir dës Initiativ hat de Manager vum Bordell. Hien hat sech d’Impfstatistiken ugekuckt a gemierkt, dass d’Unzuel vun de vaccinéierte Männer mat Migratiounshannergrond geréng ass. A genee dës Zilgrupp géif de Gros vun de Clientë vum "Funpalast" duerstellen.
Dernieft soll des Aktioun och dem Puff selwer eppes bréngen. Deen hat nämlech duerch d’Coronapandemie ronn 50 Prozent Perte gemaach an erhofft sech, elo op dësem Wee erëm méi Clienten unzelackelen.