Den Ian Brackenbury war tatsächlech iwwer 20 Joer laang offiziell als Zauberer an Neiséiland ugestallt...

Hie war wuel den eenzegen offiziell beoptraagten Zauberer vun der Welt: Den Ian Brackenbury Channell. An dat net vun iergendenger Firma oder enger privater Persoun, mee vun der Gemeng Christchurch an Neiséiland. Ëmgerechent krut hien 10.000 Euro d'Joer well hien d'Stad als Hexemeeschter ënnerstëtzt huet, dat mat "mageschen Aktiounen an aneren zauber-änleche Servicer". Ma genee domat wär elo awer Schluss! D'Gemeng huet de "Wizard of New Zealand" entlooss, esou d'Beamtin Lynn McClelland.

Et wär eng schwiereg Decisioun gewiescht, ma d'Zäiten hätte sech geännert, virun allem a Punkto Marketing a Pub. Do wéilt een éischter eng modern a villfälteg Stad weisen, déi attraktiv op national, wéi international Visiteuren, awer och Entreprisen an Aarbechtskräfte géif wierken. En Zauberer, deen och mol fir kontrovers Bemierkunge géigeniwwer Frae bekannt ass, géif net méi an dësen Image erapassen.

Ma och wann den Hexemeeschter, dee souguer scho vun der Queen geéiert gouf, net méi vun der Stad bezuelt gëtt, prett fir d'Pensioun wär de Mann nach net. Hie wéilt weiderhi fräiwëlleg an der Stad optrieden oder wéi hien et seet: "Et mécht keen Ënnerscheed. Ech maachen trotzdeem weider. Se musse mech schonn ëmbrénge fir mech ze stoppen."