Am Leeschtungssport kann et mol fir kommen, dass deen een oder anere mat Dopping a Kontakt kënnt. Ma d'Julia Hawkins net!

En Dram vu ville Sportler ass et iergendwann eng Kéier ee Rekord opzestellen. Egal op Landes oder Weltrekord. Ma d'Julia Hawkins aus den USA huet sech deen Dram verwierklecht. D'Fra hëlt nämlech reegelméisseg u Senioren-Liichtathletik-Competitiounen deel an dat mat stolzen 105 Joer.

Bei de Seniore Games zu Hammond, Louisiana an den USA huet d'Julia elo ee Rekord beim 100 Meter sprinten opgestallt. Dofir huet d'Sprinterin nämlech 1 Minutt an 2 Sekonne gebraucht an ass domat déi éischte Liichtathletin iwwerhaapt an der Altersklass, déi ee Rekord am 100 Meter-Sprint opgestallt huet.

Natierlech huet deen Erfolleg och direkt ee Spëtznumm mat sech bruecht an zwar Julia ''Hurricane'' Hawkins.