Nodeems eng Kou a Brasilien et fäerdeg bruecht huet aus engem Schluechthaus ze flüchten, huet se sech an enger Schwemm op der Rutschban veriert.

D'Déiere kréie méi mat wéi ee mengt. Virun allem wann et ëm Béischte geet déi an engem Schluechthaus just dorop waarden, dass et un hirem Tour ass. Mat deem Gedanke konnt sech eng Kou aus Brasilien, ronn 500 Kilometer vu Rio de Janeiro ewech, net zefridde ginn. Se huet dee richtege Moment ofgewaart an ass aus dem Schluechthaus geflücht.

D'Flucht ass awer iegendwéi anescht verlaf wéi geduercht. D'Kou huet sech net iegenwou op eng grouss Wiss gestallt, mee an eng oppe Schwemm. Fir genau ze sin op d'Rutschban. Dat ganzt ass natierlech gefilmt ginn an et gesäit ee wéi d'Kou schéi gemitterlech duerch d'Rutschban rutscht.

De Bësetzer vun der Schwemm huet dat ganzt esou amusant fonnd, dass hien d'Déier net zeréck an d'Schluechthaus bruecht, mee et adoptéiert huet. D'Kou gouf deemno elo och op den numm ''tobogã'' gedeeft, wat portugiesesch ass an esou vill heescht wéi ''rutschen''.