D'Evenementer aus Squid Game goufen weltwäit op verschidden Aart a Weis nogestallt. E Youtuber léisst sech säi Remake allerdéngs richteg Geld kaschten.

Haut viru ganz genee zwee Méint ass Squid Game op de Marché komm. Et ass offiziell de meescht-gekuckten Netflix-Projet op der Welt. An 90 verschidde Länner stoung d'Serie un der Spëtzt vun den Charts an haut, aacht Woche méi spéit, ass den Hype ronderëm d'Serie nach laang net eriwwer.

De Prinzip vu Squid Game ass séier erkläert. 456 Leit mat Geldproblemer huelen un engem ganz speziellen Turnéier deel. Si mussen a verschidde Kannerspiller géinteneen untrieden. De Gewënner kritt en enorme Geld-Präis, d'Verléierer ginn allerdéngs mam Dout bestrooft.

D'Evenementer aus Squid Game goufen an de leschte Wochen op verschidde Plazen op der Welt nogestallt. Aus dësem Grond steet d'Serie bis haut a staarker Kritik. Och de weltbekannte Youtuber MrBeast organiséiert elo seng ganz eege Squid Games, natierlech ouni Gewalt, Mord an Dout. Net just d'Spiller sinn déi nämmlecht wéi an der Serie, ma och déi ganz Settings ronderëm. De Youtuber huet nämlech déi komplett Location vum Set nogebaut an huet sech dëse Projet, eegenen Aussoen no, ronn zwou Milliounen Dollar kaschte gelooss.

Wéini a wou dëst Turnéier stattfënnt, ass net gewosst. Genee esou wéineg ass bekannt, wien um Turnéier deelhuelen dierf. Fest steet aktuell just, dass et ë Präis-Geld an Héicht vun 1,5 Milliounen Dollar ze gewanne gëtt.