Den Hausbesëtzer freet sech, d'Bewunner dogéint manner...

Wann een duerch englesch Stied trëppelt, kann et virkommen, dass een op e Banksy-Konschtwierk stéisst. Och an der englescher Stad Lowestoft erfreeë sech ronn 73.000 Awunner un engem Bild, dat de Graffiti-Kënschtler Banksy am August op enger Mauer vun engem Elektro-Buttek hannerlooss hat. De Kënschtler, deem seng Identitéit net bekannt ass, hat am Summer op senger "Great British Spraycation" verschidde Stied besicht fir Konschtwierker duerch ganz England ze verdeelen.

Um Gebai vum Elektrogeschäft war e Kand ze gesinn, dat a Strandkleeder a mat enger Sand-Schëpp an der Hand eng Sandbuerg baut. Um aneren Enn vun vun der Schëpp gesäit een awer e Briecheisen, mat deem d'Kand déi gro Asphalt-Steng erausrappt, déi tatsächlech um Buedem virun der Mauer leien.

Erausrappen ass e gutt Stéchwuert, well genee dat ass de Plang vum Besëtzer vum Gebai op dat d'Bild gesprayt gouf. Dat net well et him net gefält, ganz am Géigendeel! Hien hat d'Banksy-Wierk direkt ofdecke gelooss a kuerz drop koume Bagger virum Gebai un, déi e Stéck vun der Mauer erausgerappt hunn. Wouhin d'Mauer bruecht gouf wollt den Hausbesëtzer net verroden, genee esou wéineg wéi de weidere Plang. D'Bewunner, déi alles anescht wéi frou sinn, dass d'Konschtwierk elo fort kënnt, si sech awer sécher, dass de Besëtzer et fir eng anstänneg Zomm verkafe wéilt.

Eng Aktioun, déi de Banksy bestëmmt NET ënnerstëtze géif...