De fréieren amerikanesche Präsident ass um Pabeier ee Meeschter vum Taekwondo an huet domat ee méi héije Rang wéi den Chuck Norris

De Welt-Taekwondo-Haaptsëtz aus dem südkoreanesche Seoul huet dem Donald Trump dëst Auszeechnung iwwerreecht an dat ouni, dass den Donald déi Sportaart jeemools eng Kéier gemaach huet. De Lee Dong-sup, Präsident vum Kukkiwon-Verband huet dem Trump Eierenauszeechnung a senger Residenz Mar-a-Lago zu Florida iwwerreecht. Domat huet huet hien elo deen héchste Rang am Taekwondo.

Wéi wann dat net scho skurril genuch wär, muss ee sech elo och nach folgendes bewosst sinn: Mat der Auszeechnung ass hien elo vum formellen hier, esouguer iwwert dem US-Kampfsportler a Filmstar Chuck Norris, deen hei ee Rang ënnert dem Ex-Präsident ass.

Ma mir kënnen nach een drop setzen. Am Joer 2013 krut nämlech och de Wladimir Putin déi Auszeechnung. Alle béid si se dann elo op enger Héicht, wat den Taekwondo ugeet.